 | Eng kleng Geschicht vun der
Big Band EME
1997/1998
Freides, den 10. Oktober 1997 ëm 18.30 Auer sin den Boris Dinev an den Jhang Kohnen wärend enger Sprangstonn dei den Doktor eng Taass Kaffi ( ?) drenken gaang. Bei eisem Gespréich sin mir klorerweis och op eis Schüler an d’Musek am allgemengen ze schwätzen komm. Déi « modern » Stiler wéi Latin oder Big Band-Musek sin an d’Arrangementer vun de Blosmuseken erakomm, an eis ass opgefall, dass d’Schüler schrecklech Probleemer matt der Rhytmik an der Artikulatioun an dëser Richtung Musek hun. Esou ass d’Iddi entstaan eng Formatioun ze grënnen, déi sech matt dësem Stil befaasse géif.
Well ët awer nët (ewéi sou oft) bei enger Iddi sollt bleiwen, hun mir beschloss direkt bei eisen Chef Marc Junker ze goen, him eis Gedanken mattzedeelen an eis och direkt unzemellen fir matt dëser Formatioun (déi eréicht säit enger halwer Stonn an eise Käpp bestaan huet ) beim nächsten offizielen Optrett vun der Schoul deelzehuelen. Daat sollt d’Chrëschtauditioun den 14. Dezember an der Basilika sin.
Voilà, den éischten Optrett wor gebongt an nach jhust 2 « Klengechkeeten » woren ze organiséieren : d’Noutematerial an d’Schüler, déi mattspille sollten.
Mir hun eng Rei Schüler ugeschwaat, an matt nëmmen 3 Prouwen ass deen 1. Optrett, suguer matt engem gewëssen Succès iwwert d’Bühn gaang.
D’Big Band vun der Iechternacher Musekschoul war gebuer.
D’Besetzung wor nach nët komplett, zu deer Zäit hun mattgespillt :
Trompett : Jeff Ries, Christiane Diedenhofen, Bob Ries, Marc Wilmes
Trombonn : René Cannivy, Helmut Fischbach, Raoul Wecker
Sax Alt : Stephanie Weydert, Martine Dyonisius,
Sax Tenor : Nadine Diedenhofen,
Bass : Romain Boden
Piano : Lucie Grosch (†)
Drums : Claude Stocklausen
Drei weider Concerten sollten an deem Schouljoer nach gespillt gin :
Den 3. Abrëll 1998 huet d’Buergermeeschtech Mady Schaffner vun der Schoul aus eng kleng Abschiddsfeier organiséiert kritt, an d’Big Band sollt den Highlight vun dësem Owend gin. E puer nei Gesiichter haaten mir dun schon derbai : de Vic. Dieschbourg op der Trombonn an d’Nadine Burg um Sax Bariton , an den Georges Manternach huet den Marc Wilmes ersaat.
Doropps hin kruutten mir en Engagement fir op der « 51-Kiirmes » am Juli ze spillen – 2 Stonnen sollt deen Optrett daueren. Dat wor ganz lustig, well mir ze deem Moment 4 ganzer Stecker (~12 Minutten) am Programm haaten.
No enger Rei ganz stresseger Prouwen ass och dëst zimlech anstänneg iwert d’Bühn gaang, an daat Joer drop huet eis Big Band endlech ugefaang regelmässeg all Woch ze Prouwen. Duerno hun mir nach op der Schlussauditioun vun der Schoul mattgewierkt an zesummen mat der Ballettsklass vum Sieglinde Lleida an Isabelle Schackmann 2 Stecker interprétéiert.
1998/1999
An ganz spezieller Erënnerung ass eis en 1. Auslandsoptrëtt zu Gütersloh bliwwen. Matt 2 Stonnen Verspéidung (Stau op der Autobunn) si mir um Chrëchtmaart ukomm fir 3 Stecker matt hirer Big Band zesummen ze spillen, an déi 2 nächst Deeg 2 mol matt grousser Begeeschterung (zemols vum Paschtouer) do an de Kiirchen ze spillen. D’Big Band huet spontaan beschloss him matt « Inside Out » Merci ze soen.
Eng 2. Kéier hun mir op der Chrëschtauditioun mattgewiirkt, an vun do un hun mir eis definitiv an komplett Besetzung ereescht :
Trompetten : Jeff Ries, Christiane Diedenhofen, Bob Ries, Georges Manternach
Trombonnen : René Cannivy, Lucien Feinen, Vic. Dieschbourg, Raoul Wecker
Sax Alt : Maxime Bender, Martine Dyonisius, Jean Schilz
Sax Tenor : Nadine Diedenhofen, Marc Kerschenmeyer, Michelle van Dyck
Sax Baryton : Nathalie Diedenhofen, Jean-Marie Thewes
Bass : Romain Boden
Piano : Claude Keiser
Drums : Benoît Martiny, Michel Feinen
Am Summer ’99 hun mir um « Remembrance Day » zu Ettelbreck, « 51-Kiirmes » zu Iechternach, e Concert-Apperitiv zu Berbuerg an natiirlech op der Schlussauditioun gespillt. Do huet mat eis zesummen den « Abbeys Jazz Quartett » gepillt, eng Combo déi sech aus der Big Band erausgebild huet.
1999/2000
D’Schouljoer huet gud ugefaang. No enger verluerener Wett, hun Diedenhofen Sisters eis op Grillen an Drenken agelueden (kënnt eng flott Traditioun gin)
Den 17. Oktober hun mir op der Mousel, zu Schengen beim Violett (Caves Legill) gespillt, an den 23. November haaten mir am Conservatoire zu Esch/Uelzecht e « Concert d’échange », wou och ganz inoffiziell eng Opnaam gemaach gouf.
De Concert um Iechternacher Chrëschtmaart ass leider wuertwiertlech an d’Waaser getroollt.
Well d’Big Band emmer méi grouss gin ass, ass beschloss gin d’Combo ze grënnen.
Den 26./27. Februar wor a Workshop mam George Letellier zu 5-Fontaines, wou eis Leit an den « Mysterium » vun Improviséieren ageweiht goufen.
2 Sängerinnen, d’Noémie Leer an d’ Josée Goedert-Wohl wiirken eng gewessen Zäit matt, an den 13. Mee zu Ettelbreck sin fir d’éischt « Flashdance… What a feeling », an « Birdland » matt Gesank opgefouert gin. Och mam Ensemble vocal mam Christiane Feinen hun mir “Chatanooga Choochoo” ageprouwt.
Concerten op der Plëss (11.Juni), Ueswëller (8 Juli), Berdorf (23.Juli), Befort (22.Juli) an Iechternach (2 Juli an 12. Juli) wärten dëst Schouljoer ofschléissen.
Nei an eiser Big Band sin den Sebastian Berg op der Gitarr, (säit dem 26 Mee heut hien en elektresch Gitarr) an den Marc Hubert op der Trombon, deen den Raoul ersetzt, deen eis wéinst sengen berufflechen Studien verloossen wärt. Och den Jean-Marie Thewes huet opgehaalen.
2000/2001
De Jean Schiltz ass net méi derbei, an de Maxime mecht sech e bessen méi rar, well hien vill aner Aktivitéiten huet. De Boris Schmid ass e super Nofolger, an e Allroundmusiker, deen esouwoul Sax spillt, awer och bei bedarf säin Mätsch um E-Bass mecht.
De 24. März am Kader vum 30. Gebuertsdaag vun der AEM spillen mir e Concert matt der Big Band vun der Péitenger Musekschoul (dir. Paul Dahm)
Mir maachen een Stage zu Essen an der Folkwanghochschule vum 5.04. bis den 8.04.
Weider Concerten sin den 17.6 op der Plëss, 1.7 op der 51-Kirmes, déi dëst Joer de ganzen Daag matt Ensemblen vun der Musekschoul gefuer sin, 8.7 zu Dikrech, 12.7 Ofschlossconcert vun der Musekschoul, 21.7 zu Befort an den 22.7 zu Berdorf. Déi läscht Prouw an dësem Schouljoer wor den 10. Juli wou mir duerno nach gegrillt hun. Leider huet den Péitrus anscheinend eppes géint Big Band Musek, well et huet séier ugefaang matt schrecklech reenen. Mee daat huet eis awer net gestéiert, an d’Grillfest ass an eng eng flott Jamsession iwwergaang.
2001/2002
Eng Hiobsnoricht fir d’Saison unzefänken: de Vic hält aus beruflechen Grënn bei eis op. Schued!
Den George Letellier get vun dësem Joer un Jazzharmonie an Improvisatioun bei eis an der Schoul.
Wéi de Buergermeeschter schon op der Schlussoditioun ugedeit huet, gët d’Big Band gefroot fir op der „Joyeuse Entrée“ vum Grand-Duc Henri zu Iechternach Concert ze spillen- vun 16.30 bis 22.00 Auer sin mir ofwiesselnd mam Maxime sengem Abbeys Jazz Quintet am gaang. E klenge entspaanungs Moment hun mir awer alleguer (bis op de Boris) wéi d’Combo e puer Stecker spillt.
E weidere Concert an desem Mount ass zou Osweiler.
Am November get d’Besetzung erem komplett – der Pierre Hoffmann kennt derbai, an de Posauneregester ass erem 4-stemmeg besaat, an eng Trompettistin an der Persoun vum Danielle Meyers verstärkt eise Sound.
E puer flott Proje’en laafen : e Workshop mam Ernie Hammes ass fir Enn dess Joers geplangt, an am Januar schaffen mir een Daag mam Bob Mintzer.
Den 13.04 vertrieden mir d’Iechternacher Musekschoul um Concert commun vun der AEM zu Esch/A am Conservatoire an hei maachen de Fränz Zeimetz an de Mathis Bredimus hir éischt klengen Präsenz an der Big Band (si sin eisen Nowues aus der Combo), an den 14.04 spillen mir zu Hiefenech e Concert.
Den Michel Feinen huet sech oofgemellt bis no dem Premièresexamen an gett ersat duerch den Damien Thill an den Gary Ceccon.
Wieder Concerten sin den 1. Mee zu Schrasseg, den 5 Mee zu Iechternach um Séi, den 11. Mee op de Moartplaz fir de Basilikachouer.
Eis Primaner (d’Martine de Boris an de Michel) hun et alleguer gepackt an sin och erem regelmässeg derbei.
Den 7. Juli fiirt den Tour de France och duerch Iechternach an d’Big Band suergt e.a. fir de musekaleschen Encadrement op der Maartplaz.
Den 11. Juli, wéi all Joer, spillen mir op der Präisverdeelung vun der Musekschoul (New York, New York- Cute an St.Thomas)
Als Ofschloss vun desem Schouljoer spillen mir den 20. Juli zu Befort am Cader vun Art in Befort.
Elo ass Vakanz an mir fänken un eis Festivitéiten vun eisem 5. Gebuertsdaag ze plangen!
2002/2003
Déi 1. Prouf vun der Saison ass am Boris sengem neien Haus zu Hieffenech an fir Iessen an drenken wor gesuergt.
De Fränz an de Mathis sin vun elo un fest an d’Big Band derbei. Den 1. Konzert ass den 5. Oktober zu Waasserbelleg.
Eng Sängerin hun mir och erem – d’ Astrid Godart – an hatt spillt och Tenorsax, wat och ganz gudd ass, well d’Michelle sech fir dest Joer ofgemellt huet.
E Stage virun eisem groussen Fest ass zu Befort geplangt, den 26 & 27 Oktober, matt belschen Dozenten , wie dem Phil Abraham op der Posaun, dem Fabrice Alleman um sax an dem Olivier Stalon um Bass.
Eisen 1.Gebuertsdaag Konzert zu Iechternach ass e vollen Succès, virun sage-und –schreibe 30 Leit spillen mir e super Konzert. Fir een Steck hun mir probéiert all eis fréier Leit erem op d’Bühn ze kréien, an e puer sin der och tatsächlech matt spillen komm: Stephanie Weydert, Marc Wilmes, Raoul Wecker an de Claude Stocklausen hun bei INSIDE OUT mattgewierkt; de Vic wor och do, awer seng Posaun war leider an Reparatur!
D’Generalprouw an der Fiels gett duerch e flotten Kuch matt Karikaturen vum Boris & Jhang opgelockert, et kennt Gebuertsdaagsstemmung op.
Beim Fielser Konzert ass d’Buud voll, vill Prominenz huet sech afond, an de Konzert ass erem e groussen Succès.
No dësen Festivitéiten verloossen leider e puer Musiker vun der éischter Stonn aus zeitlechen Grënn d’Big Band: Christiane an d’Nathalie Diedenhofen esou wéi de Georges Manternach (deen och fir déi 1. Versioun vun eiser Homepage zoustänneg wor); Nadine Diedenhofen maachen sech dest Joer aus berufflechen Grënn méi rar, de Pir Hoffmann zitt sech och aus zäitlechen Grënn zereck.
Den 29. + 30. März ass eisen 2. Workshop mam Ernie Hammes.
Am Mee spillen mir nees ee vun eisen "glorräichen" Concerten zu Ettelbreck: wéi all Joer hun mir och dës Kéier d'Halschent vum Équipement vergiess. Mee matt vill Fantasie an Improvisatiounstalent (merci Georges) gelëngt et dann awer fir déi ganz Anlaag opzerichten. Den Marc Lang (Trompett) huet hei säin 1. Optrett matt der Big Band.
D'Saison 2002/2003 ass riwer. An den 20. Juli geet mam läschte Concert zu Rouspert eng Ära op en Enn. Den Boris an den Jhang, déi 2 Pappen vun der Big Band, iwergin d'Leedung un den Ernie Hammes an den George Letellier.
Merci Boris, Merci Jhang.
2003/2004
D'Saison 2003/2004 fänkt den 12. September mat engem Concert zu Dikkrech un, ënnert der Leedung vum Ernie Hammes. Leider sin ee puer Leit net méi dobei: d'Claude um Piano, den Boris an den Maxime um Fön.
Mee dofir sin eis Trompetten lo zu hirer 7: d'Roberta Dario an den Luigi Ascani verstärken d'Équipe. 2 néi Posaunen si bei komm: den Ronny Osweiler an Marc Thiel. Den Ern. Pierrard ersetzt d'Claude um Piano an d'Christiane Feinen bléist an den Sax .Bariton.
Nodem d'Nadine Diedenhofen d'Big Band verloos hat fir sech op säin Studium zu Mastricht ze konzentréieren, si mir alleguer frou dass hatt sech elo rem zréck gemëllt huet, virun allem well d'Nadine vum Sax.Sopran bis Bariton alles spille kann.
Ee groussen Projet ass an der Maach: vum 12 - 18 Abrëll soll d'Big Band eis Musekschoul bei der "Semaine Musicale Européenne" zu Pescara an Italien vertriëden. Dëst ass ee Projet am Kader vum "partenariat européen MAESTRO", eng Koopératioun vun den Schoulen vun Echternach, Merzig (D), Stroosbuerg (F), Skvöde (S) an Pescara (I).
Enn Februar könnt eng schlecht Noricht aus Italien: den Projet "Semaine Musicale Européenne" zu Pescara ass ofgesot gin.
2004/2005
Déi nei Saison fänkt direkt mat 2 Concerten un: den 25. September spillt d'Big Band op der DEULUX zu Trier-Sirzenich, an den 26. um Gromperefest vun den Scouten op der Moartplaaz zu Eechternoach.
Den Weekend vum 13. - 14. November hat d'Big Band ee Workshop zu Cinqfontaintes. Als Dozenten sin den Phil Abraham, Christophe Panzani an Marc Demuth dobei.
2005/2006
Den Ufank vum neien Schouljoar brengt 2 grouss Ännerungen: den Maxime Bender (fréier selwer Schüler an der Musekschoul an Member vun der Big Band) ersetzt den Ernie Hammes als Dirigent. An mir hun ee neien Prouwsall an der aaler Jugendherberg kritt. Mee och daat ass nemmen ee Provisorium: wann am November déi nei Jugendherberg um Séi hir Diiren opmecht, soll d'Big Band méi ee groussen Sall kréien.
Wéi all Joar gin et och dës Kéier ee puer Changementer an der Besetzung:
d'Christiane Diedenhofen, d'Danielle Meyers an den Schüler Lang (alias Marc Lang), allen 3 Trompeteter, sin net méi dobei, an d'Christiane Feinen huet den Sax.Bariton un d'Nicky weidergin. Den Johannes Mulling verstärkt d'Percussioun.
Op Initiative vum Marc Demuth hu mir eis um Festival International de Musique Universitaire (www.fimu.com) zu Belfort (F) ugemellt. Dëst ass ee Festival speziell fir Studenten, Musekschoulen an Amateurmuseker. Verschidden Musekstiler sin vertrueden:
klassesch a modern Musek, Jazz, traditionell Musek, Rock an Pop. Hoffentlech gött eis Kandidatur ugeholl!
Leider haten mir den offiziellen Délai d'inscription fir den Festival zu Belfort verpasst, an mir sin net ugeholl gin. Mee 2007 ass jo den nächsten Festival . . . .
Den 11.Juni spillt Big Band um 'Apéro Jazz' an der Abtei Neumünster. Als Special Guest mat dobei: Sascha Ley.
2006/2007
2007 ass ee Jubiläumsjoer: d'Big Band feiert säin 10. Gebuertsdâg.
No engem Workshop den 17. an 18. November mat Musiker vun der WDR Big Band, presentéieren mir eisen Gebuertsdâgs-Concert den 24. November an der Abbaye Neumünster. |